Posted on Wednesday, 23rd December 2009 by admin

Wéi déi meeschten vun Ierch wëssen, mëcht den Bronx no 15 Joër Rock an Metal am Februar 2010 séng Dieren zou, fir déi vun Ierch déi dat nach net wossten, IWWERRASCHUNG!

Ech perséinlech bedaueren et wierklech, ech mengen wou geet een elo hin wann een bëssen méi eppes hefteges op d´Oueren wëll? Verstidd mech net falsch, d´Rockbox an allen Éieren mee t’as bei wäitem net dat selwecht! Ech kann mech nach gutt erënneren wou ech mat 16 déi éischten Kéier an den Bronx war an ech duecht: “Yeah endlech mol en coolen Café”. An elo as nix méi domadder. Toll!

Nujee, jéimeren bréngt och näischt an dofir mëcht den Bronx an ech och, wuel dat eenzegt richtegt, nämlech PARTY!

Säit dem September leeën ech jo zimlech regelméisseg all Freiden am Bronx op an all Samschden trëtt eng Rock- oder Metalformatioun op. En leschten dekadenten Marathon vun Héichprozentegem an Rock’n’Roll; kéint een sech den Schluss besser virstellen? Ech weess et net!?

An well et haut Mëttwoch ass, keen doheem sëtzen wëll an mer grad beim Thema Bronx sin, wäet ech mech den Owend och op den Wee dohin maachen an mer déi leschten Kéier Desdemonia am Bronx eranzéien! Dir sidd och all  invitéiert do 1, 2 oder 65 Béiercher mat mir ze drénken

Gutt News ginn et awer vill. Alleguerten d’Fans vun Desdemonia, 2010 wärt hier nächst CD eraus kommen! Et as jo awer bal Zäit gin, oder!?

R.I.P

Bookmark and Share

Tags: , , , , ,
Posted in Allgemeng, Musek | Comments (1)

One Response to “Eddie Bronx!”

  1. PETER Says:


    CheapTabletsOnline.Com. Canadian Health&Care.No prescription online pharmacy.Special Internet Prices.Best quality drugs. Low price drugs. Order drugs online

    Buy:Maxaman.Propecia.Viagra.Levitra.Cialis.VPXL.Viagra Soft Tabs.Soma.Cialis Soft Tabs.Super Active ED Pack.Zithromax.Cialis Super Active+.Tramadol.Viagra Super Active+.Viagra Professional.Cialis Professional.Viagra Super Force….

Leave a Reply